Drëtt Hallschent mam Formel 1 Safty Car Pilot Bernd Mayländer
14/03/2022

An dës Woch ass de Bernd Mayländer eisen Invité. De Weekend fänkt jo déi nei Formel 1 Saison mam Grousse Präis vum Bahrain un. De 50 Joer alen Däitschen, deen elo an seng 23. Saison als Safty Car Pilot geet, huet dem Tom Hoffmann an dem Franky Hippert verroden, datt hien natierlech genee esou op déi nei Saison mat den neien Autoen brennt, wéi alleguerten d'Ferventen vun der Kinneksklass aus dem Automobilsport:
