Podcast Drëtt Hallschent: Paule Kremer
19/09/2022

D'Paule Kremer ass dës Woch d'Invitée am Podcast "Drëtt Hallschent-De Sporttalk". D'Ultraschwëmmerin ass 2017 duerch den Äermelkanal geschwommen an dëst Joer duerch de Katalina Channel a Kalifornien. Dat Ganzt am Kader vum "Ocean's Seven" Projet. Doriwwer gouf natierlech vill am Podcast geschwat. De Rich Simon wollt vum Paule Kremer awer och wëssen, wat d'Faszinatioun vum Ultraschwammen ass...
