Drëtt Hallschent mam Goalkeep vum F91 Diddeleng Lucas Fox
30/09/2022

An do ass dës Woch de Goalkeep vum F91 op Besuch. De Lucas Fox war an der Jugend schonn zu Diddeleng am Futtball. Dunn ass hien als Junior bei d'Jeunesse gewiesselt, an gouf och Stammgoalkeep bei der éischter Equipe op der Grenz. De Sprong an d'Ausland huet dunn net geklappt, an den 21 Joer ale Fox sutz wärend enger Zäit ouni Club do...,bis den F91 Diddeleng nees an d'Spill koum:
