Handball EM-Qualifikatioun
12/10/2022

Déi Lëtzebuerger Handballnational-Ekipp spillt haut a Nordmazedonien an e Sonndeg heiheem géint Portugal déi zwou éischt Partien am Kader vun der Qualifikatioun fir d'EM 2024. Den éischte Rendezvous ass den Owend um 7 Auer zu Skopje.An dëser 2. Qualifikatiounsronn geet et deemno direkt géint d’Favoritten vum Grupp 1.Et ass och déi éischte Kéier, datt eng Handballnationalekipp un enger Haaptqualifikatiouns-Ronn Deel hëlt. Géint dës international héich kotéiert Formatiounen sinn d’Chance zimmlech geréng, mä dës Matcher si ganz wichteg fir d’FLH-Selektioun, Serge Olmo...
