Drëtt Hallschent: Mam alen an neien FLF-President Paul Philipp
17/10/2022

An do ass dës Woch de Paul Philipp Invité beim Franky Hippert. Den alen an neien FLF-President ass elo schonn zanter 18 Joer un der Spëtzt vun der Lëtzebuerger Futtballfederatioun. Et war awer eréischt déi drëtte Kéier an all deene Joren, datt hien sech enger Wal mat engem anere Kandidat gestallt huet oder huet misse stellen. Als Benevollen ass et awer schonn eng Mammutaufgab, President vun der gréisster Sportfederatioun am Land ze sinn:
