Drëtt Hallschent: Justin Gloden

02/11/2022
Drëtt Hallschent: Justin Gloden
Play

Am Podcast Drëtt Hallschent ass des Woch de Justin Gloden eisen Invité. De fréieren Mëttel a Laangstreckenleefer hält ënnert anerem nach ëmmer de nationale Rekord am Marathon.De Weekend hat de Yonas Kindé dee probéiert ze briechen an krut op hallwer Streck awer eng ferm geläffelt. De Jeff Kettenmeyer huet de Justin Gloden gefrot wisou et kengem geléngt déi Zäit vun 2 Stonnen a 14 Minutten z'ënnerbidden.