Fussball-WM: Grupp A mat Holland an Afrikameeschter Senegal

15/11/2022
Fussball-WM: Grupp A mat Holland an Afrikameeschter Senegal
Play

E Sonndeg fänkt d'Futtballweltmeeschterschaft am Qatar un. Jo, dir huet richteg héieren, d'Futtball-WM ass dës Kéier am europäeschen Wanter, well am Summer ass et definitiv am Golfstaat vill ze waarm fir un Sportmaachen ze denken. An de nächsten Deeg stelle mir iech déi 8 Gruppen vir. Lass geet et haut mam Grupp A an deem Holland, Senegal, Ecuador an den Organisateur Qatar sinn. Zwou Equippen dierften do als Favoritte gëllen, Franky Hippert: