Formel 1: Mike Krack iwwer Geschichten aus der Kinneksklass
15/11/2022

D'Formel 1 Saison, déi e Sonndeg mam Grousse Präis vun Abu Dhabi op en Enn geet, hat et an de leschte Méint nees an sech. Red Bull huet dominéiert, bei Ferrari ass et zum Deel drënner an driwwer gaangen, an dann goufen et jo och d'Budgetdeckel-Diskussiounen. Een deen och mattendran an der Kinneksklass vum Automobilsport ass, ass den Mike Krack, Teamchef vun Aston Martin. Mat him hu mer ënnert anerem iwwert déi Sujeten geschwat, Franky Hippert:
