Sport Retro Mount Februar
27/12/2022

Bei eiser Sportretro si mer haut beim zweete Mount vum Joer. International hunn d'Olympesch Wanterspiller zu Peking ervirgestach, wou mam Gwyneth ten Raa a mam Mattieu Osch och zwee Lëtzebuerger um Depart waren. National war et d'iwwerraschend Victoire vun Rued an der Final vun der Coupe de Luxembourg am Dëschtennis géint de spéideren Champion Hueschtert-Foulscht. De Sport-Réckbléck vum Mount Februar mam Franky Hippert:
