Drëtt Hallschent mam fréieren FLF-Nationaltrainer Guy Hellers
12/12/2022

An do ass dës Woch de Guy Hellers eisen Invité. Mam fréieren Lëtzebuerger Futtballnationaltrainer huet de Franky Hippert ënnert anerem iwwert d'Halleffinalen op der Weltmeeschterschaft am Qatar geschwat. Muer spillt jo do Kroatien géint Argentinien an e Mëttwoch ass et dann Marokko géint Frankräich. Eis Noperen sinn jo Weltmeeschter, an d'Chancen stinn och gutt, datt d'Fransousen hiren Titel kéinten verdeedegen, seet de fréieren Profi vum Standard Léck:
