Futtball-WM: Ass de Lionel Messi dee beschte Futtballspiller vun allen Zäiten?

19/12/2022
Futtball-WM: Ass de Lionel Messi dee beschte Futtballspiller vun allen Zäiten?
Play

Wat war dat gëschter eng Final op der Futtball-Weltmeeschterschaft am Qatar tëscht Argentinien a Frankräich. Um Enn hunn d'Argentinier sech no 11-Meter-Schéissen jo géint den Titelverdeedeger duerchgesat. Nieft dem Duell vun deenen zwou grousse Futtballnatiounen, war et awer och den Duell vun zwee ganz grousse Futtballspiller...Messi géint Mbappé. Virun allem de Lionel Messi huet sech seng Karriär elo mam WM-Titel gekréint. D'Fro déi sech awer stellt ass; ass de 35 Joer alen Argentinier dee beschte Futtballspiller vun allen Zäiten, Franky Hippert: