Sport Retro Mount August
03/01/2023

An eiser Sport Retro huele mer haut de Mount August ënnert d'Lupp. Och wann vill Leit sech an deene Wochen erholl hunn, esou hunn eng ganz Rei Sportler awer keng Vakanz gemaach. D'Christine Majerus ass den Tour de France Femmes fäerdeg gefuer, d'Saison an der BGL-Ligue am Lëtzebuerger Futtball huet nees ugefaangen, a virun allem hunn d'Sarah de Nutte an d'Ni Xia Lian d'Bronzemedaill am Dubbel vun der Dëschtennis Europameeschterschaft vun München mat Heem bruecht, Franky Hippert:
