De Nationaltrainer am Virfeld vun der Handball WM
11/01/2023

Vun haut bis de 29. Januar ass a Schweden an a Polen d’Handball WM programméiert. D’Kompetitioun gëtt den Owend um 9 Auer mat der Partie Polen géint Frankräich lancéiert.
Virun 2 Joer an Ägypten hat Dänemark d’Finall géint Schweden gewonnen. Och bei dëser Editioun gehéieren dës zwou Natiounen zu de Favoritten. Mir maachen en Ausbléck op d'WM mam Serge Olmo...
