Mam Sportminister Georges Engel
16/01/2023

An do ass dës Woch de Georges Engel eisen Invité. Esou wéi dat Traditioun ass, ass de Sportminister am Ufank vum Joer jo ëmmer bei eis am Gespréich...et ass souzesoen d'Neijoes-Usprooch vun ieweschte Mann am Lëtzebuerger Sport. De fréiere Buergermeeschter vun Suessem huet elo dat éischt Joer als Sportminister hannert sech. De Franky Hippert wollt vum Georges Engel wëssen, ob hien sech bewosst war, datt een deen Job net einfach esou niewelaanscht kéint maachen:
