Euro-Meet: No 2 Joer Paus konnten international Schwammstaren an der Coque nees un den Depart goen.
30/01/2023

Mat Ben Proud aus England, Chad le Clos aus Südafrika oder och nach Sophie Hansson aus Schweden hate richteg Weltstaren aus dem Schwammsport sech vun e Freideg bis e Sonndeg Rendezvous an der Coque bei der 23. Editioun vum Euro-Meet ginn. No 2 Joer Paus duerch d'Covid-Pandemie konnten sech déi bescht Lëtzebuerger Schwëmmer nees mat deenen internationalen Vedetten moossen.
