Automobilsport: Kevin Peters Lëtzebuerger Automobilsportler vum Joer
28/02/2023

De Kevin Peters gouf um Gala vum ACL-Sport, no 2018, lo eng zweete Kéier Lëtzebuerger Automobilsportler vum Joer gewielt. De 35 Joer alen Auto-Cross-Pilot, an Europameeschter an senger Kategorie, konnt sech virum Karting-Talent Guillaume Bouzar, an dem Porsche Super Cup Gewënner Dylan Pereira duerchsetzen. De Vote fir den Automobilsportler leeft e bëssen anescht of, wéi d'Wiel fir de Lëtzebuerger Sportler vum Joer, Franky Hippert.
