Virschau op d'Testmatcher vun der Damme-Futtballnationalekipp
05/04/2023

Dës Woch spillt déi Lëtzebuerger Dammen-Futtballnationalekipp zwee Frëndschaftsmatcher géint d'Färöer Inselen. D'Zil ass et an deenen zwee Matcher Verschiddenes auszeprobéieren, dat en vue vun der Nations League-Campagne am September. Dobäi kënnen sech zwou Spillerinnen iwwert hir éischt Nominéierung freeën.
