Virschau op den Dammen Championnat am Handball / Sam Rickal
05/09/2023

E Samschdeg ass et nees sou wäit. Nom Supercup de leschte Weekend, geet de Lëtzebuerger Handball Championnat bei den Hären an Dammen nees un. Ier mir an deenen nächsten zwee Deeg déi verschidden Ekippe bei den Hären ënner d'Lupp huelen, kucke mir elo mol op den Damme Championnat. An do sinn och dëst Joer rëm zwou Ekippen, déi déi grouss Favoritten op den Titel sinn, Sam Rickal.
