Käerjeng a Bierchem probéieren en Tour weider ze kommen
15/09/2023

Am EHF European Cup haten, esouwuel den HC Bierchem géint d'Fivers Margereten aus Éisträich wéi och Käerjeng zu Tallinn an Estland, dee leschte Weekend gläich gespillt. Béid Lëtzebuerger Vertrieder wëllen sech deemno muer fir den zweeten Tour qualifizéieren. D'Chancen si ganz reell.
