Futtball: FLF an Nationaltrainer Luc Holtz verlängeren hir Zesummenaarbecht ëm weider 2 Joer

05/12/2023
Futtball: FLF an Nationaltrainer Luc Holtz verlängeren hir Zesummenaarbecht ëm weider 2 Joer
Play

Déi Lëtzebuerger Futtballfederatioun huet haut matgedeelt, datt si d'Zesummenaarbecht mat hirem Hären-Nationaltrainer Luc Holtz ëm 2 weider Joer verlängert huet. De Sam Rickal huet am Kader vum Lännermatch vun den Dammen tëscht de Roude Léiwinnen an Litauen, deen elo am fréien Owend war, dovu profitéiert, fir beim FLF-President Paul Philipp nozefroen, wéi déi Verhandlungen ausgesinn hunn: