Riac: Luca Klein beschte Lëtzebuerger bei internationalem Schéisstournoi zu Stroossen
18/12/2023

Mat der Rekordparticipatioun vun 280 Sportlerinnen a Sportler huet de Riac, den internationalen Schéisssporttournoi mat de Loftdrockwaffen zu Stroossen e grousse Succès kannt. Zanter dem Covid deet sech déi Lëtzebuerger Federatioun awer schwéier mam Nowuess...ma beim Riac war et elo virun allem e ganz jonken Tireur, deen fir dat bescht Resultat vun engem Sportler aus dem Grand-Duché gesuergt huet.
