D'Handballnationalekipp wëll géint Israel confirméieren
17/01/2024

Nom iwwerzeegende Weiderkommen am Kader vun der EM Qualifikatioun, dëst géint Lettland, stinn haut a muer fir d'Handballnationalekipp 2 mol um véierel fir 7 zwee WM Qualifikatiounsmatcher géint Israel um Programm. Béid Kéiere gëtt an der Coque gespillt. No der exzellenter Leeschtung am Retourmatch géint Lettland dierf een op ganz uerdentlech Resultater hoffe Serge Olmo.
