Passioun Paralympics zu Paräis
14/02/2024

De Sport Magasinn haut den Owend mat engem ganz prominente Sport Reporter am Interview. De Sport Chef vun der ARD, Michael Antwerpes. Dee kommentéiert dëst Joer d'Paralympics zu Paräis, déi jo gutt 2 Woche no den olympesche Spiller organiséiert ginn. De Christian Schmit ass him zu Stuttgart um Bord vun de Culinary Olympics begéint.
