Georgien vs Lëtzebuerg J-2
19/03/2024

An zwee Deeg spillt d'Lëtzebuerger Futtball Nationalequipe an der Halleffinale vun de Playoffs an der Nations League auswäerts a Georgien. Et ass den éischten vun zwee Matcher deen d'FLF Formatioun op d'EM soll brengen.De Jeff Kettenmeyer huet am Virfeld mam Raphael Duarte dem Co-Trainer vun Elversberg aus der zweeter däitscher Bundesliga geschwat fir gewuert ze ginn wéi een esou een Match aus Trainersiicht ugeet.
