Championsleague 3. Spilldag
24/10/2024

An der UEFA Championsleague war gëschter Owend d’Suite vum 3. Spilldag. An do stécht virun allem déi däitlech 1 - 4 Defaite vu Bayern München beim FC Barcelona eraus. Et ass schonn déi zweete Münchener Defaite am 3. Championsleague-match. Dat gouf et scho laang net méi, Guy Seyler.
