Garry Assel op der Trail-WM
26/10/2016

Trailrunning gëtt ëmmer méi populär. Och hei zu Lëtzebuerg fënnt dës Sportaart mëttlerweil hir Plaz am Kalenner. Den nächste Samschdeg sinn am Nationalpark PENEDA-GERES no bei der portugisescher Stad Braga d'Trail-Weltmeeschterschaften.Um Programm steet eng Distanz vu 85 km mat 4500 Héichtemeter. Mam Garry Assel ass och e Lëtzebuerger um Depart. De Guy Seyler huet de Gewënner vum Mëllerdall Trail 3 Deeg virun dëser WM no sengen Ambitioune gefrot:
