Luc Turchi: net ugeholl an der Sportsektioun vun der Arméi

11/01/2017
Luc Turchi: net ugeholl an der Sportsektioun vun der Arméi
Play

Vill Lëtzebuerg Top-Sportler profitéieren dovun fir an der Sportsektioun vun der Arméi Fouss ze faassen an sech esou an engem gudde Kader op hir sportlech Karriär kennen ze konzentréieren.Enn September hunn nees eng Partie Sportler d'Grondausbildung um Härebierg ugefaangen, dorënner ënnert anerem déi zwee Schwëmmer Raphäel Stacchiotti an Julien Henx.Och de Cyclist Luc Turchi war mat dobäi mat huet awer kuerz viru Schluss vun der Grondausbildung eng batter Nouvelle kritt, Jeff Kettenmeyer.