Foussballspiller Laurent Jans gutt ënnerwee
01/03/2017

Zanter dem leschte Weekend steet fest datt de Laurent Jans seng Equipe, Waasland Beveren, och d'nächst Joer nees wäert an der éischter Belscher Futtball Divisioun spillen.No der 2-1 Victoire zu Courtrai huet dee klenge sympatheschen Veräin näischt méi mam Ofstig ze dinn. Fir de Lëtzebuerger Nationalspiller fält de Bilan vun senger zweeter Saison an der Belsch elo schonns exzellent aus, Jeff Kettenmeyer.
