JPEE2017 San Marino: IOC President Dr Thomas Bach
30/05/2017

Gëscht hunn déi 17. Spiller vun de kleng Länner ugefaangen. Mat dobäi war och de President vum Internationalen Olympeschen Comité. Den Dokter Thomas Bach war vun der Ouvertureszeremonie genee esou begeeschtert wéi d'Leit am Stadion. De Moien hat den 63 Joer alen Däitschen eng Pressekonferenz gehalen, an de Fränky Hippert war fir eis dobäi.
