JPEE2017: D'Ambiance war ganz gutt
04/06/2017

Déi 17. Spiller vun de klenge Länner sinn zanter gëschter Owend Geschicht. Lëtzebuerg koum jo déi éischte Kéier am Ausland op déi éischte Plaz am Medaillespigel mat 38 mol Gold. Kee Wonner, datt d'Ambiance bei der COSL-Delegatioun méi wéi gutt war.
