Réiser Päerdsdeeg: 25. Editioun war enger Jubiläumseditioun absolut wierdeg
11/07/2017

Déi 25t Editioun vun de Réiser Päerdsdeeg ass e Sonndeg um Herchesfeld op en Enn gaangen. Fir dëse Jubiläum haten sech déi Responsabel eppes afalen gelooss. Dëst Joer kruten d'Spectateuren iwwer 2 Weekenter Sprangreitsport vun der Extraklass gewisen, wou ënnert anerem och den Olympiagewënner vun 2012 dobäi war, Franky Hippert.
