Pit Marshals zu Spa Francorchamps

17/10/2024
Pit Marshals zu Spa Francorchamps
Play

Séier Autoen, Drama an Adrenalin: Dëst sinn dacks d’Erliefnesser vu de Spectateuren an den Tribünen. D'Streckeposten, déi mat de Fändele wénken oder d’Streck propper halen, si scho ganz no un deem Ganzen. Déi, déi wierklech mat der Nues u Pilot an Auto no dobäi sinn, sinn d’Pit Marshals, déi an der Boxegaass schaffen. Mee wéi gëtt ee Pit Marshal a wat ass hir Roll? D’Lisa Weisgerber ass dëse Froen nogaangen...