Sport: Fussball
08/12/2024

Dëse Weekend ass am nationale Futtball de leschte Spilldag virun der Wanterpaus an do huet et de Leader Déifferdeng eng éischte Kéier des Saison erwëscht. Géint de Racing gouf et nämlech eng 0-1 Néierlag. Et war e gelogene Samsdeg fir de Stater Fusionsveräin wëll och d'Dammen hu sech an der Coupe de Luxembourg an der Spëtzepartie géint Hesper mat 1-0 behaapt.