Formel 1: Op ville Plazen Diskussiounen

03/12/2024
Formel 1: Op ville Plazen Diskussiounen
Play

Déi international Automobilsportfederatioun FIA an d'Formel 1 ware scho mol a méi rouege Gewässer. An der Lescht goufen et effektiv e puer Diskussiounen. De Renndirekter gouf 3 Course viru Schluss ausgewiesselt, de FIA-President léisst Mataarbechter iwwer SMS entloossen, an de Pilot Lando Norris krut e Sonndeg beim Grousse Präis vum Qatar eng haart Strof, duerch déi d'Weltmeeschterschaft fir McLaren bei de Konstrukteuren kéint a Gefor roden, an Ferrari op der leschter Ligne droite awer nach éischte kéint ginn, Franky Hippert.