De Mats Wenzel huet de Sprong an de Profi-Milieu gepackt

19/03/2025
De Mats Wenzel huet de Sprong an de Profi-Milieu gepackt
Play

Mam Mats Wenzel huet de Grand-Duché en neit Talent am Profi-Vëlosport. Den 22 Joer jonken Cyclist huet an deene leschte Joren duerch gutt Leeschtungen op nationalem wéi internationalem Niveau iwwerzeegt. Am September huet de Mats Wenzel säin éischten Profikontrakt bei der spuenescher Equipo Kern Pharma ënnerschriwwen an ass elo an senger éischte Profi-Saison ënnerwee, Sam Rickal.