Podcast Drëtt Hallschent: Charel Grethen

19/05/2025
Podcast Drëtt Hallschent: Charel Grethen
Play

Des Woch ass de Charel Grethen Invité am Podcast Drëtt Hallschent. De Liichtathlet stoung 2021 bei Olympia zu Tokio iwwerraschend an der Finale. Och fir Paräis d'lescht Joer hat hien sech vill erhofft. Mam Jeff Kettenmeyer huet hien driwwer geschwat wéi batter datt et war datt hien sech wéinst Problemer mat Mo an Daarm, respektiv engem Parasit net konnt qualifizéieren.