Sport: Handball
25/05/2025

Gëschter war am nationalen Handball de Showdown bei den Hären. Redboys Déifferdeng heescht de Champion 2025. Um leschte Spilldag hu sech d'Redboys däitlech 25-38 zu Bierchem duerchgesat. De Gilles Tricca war beim 9. Championstitel vun den Déifferdenger derbäi.