Mam Dammen Futtballnationaltrainer Dan Santos

25/06/2025
Mam Dammen Futtballnationaltrainer Dan Santos
Play

Ufank Juni ass fir d’Damme Futtballnationalekipp eng excellent Nations-League-Campagne op en Enn gaangen. D’FLF-Selektioun ass als ongeschloenen Tabellen Éischten am Grupp C3 an d’Liga B opgestigen. Dëst historescht Resultat ass wéinst den Onroue ronderëm d’FLF-Hären e bëssen ënnergaangen. De Spillerinnerot vun der Lëtzebuerger Dammen Futtballnationalekipp, deen aus 5 Spillerinnen besteet, hat nom Opstig eng privat an intern Noriicht un déi FLF-Responsabel vun der Dammen Sektioun, Carine Nardecchia, geschéckt. Hinnen huet déi néideg Unerkennung a Wäertschätzung fir den Opstig gefeelt. Dëse Message un d'FLF-CA-Memberin Carinne Nardecchia gouf awer virun ronn zwou Wochen géintiwwer dem Quotidien geleakt. Den Nationaltrainer Dan Santos ass dës Woch Invité an eisem Podcast "Drëtt Hallschent - De Sport-Talk". Beim Sam Rickal huet hien erkläert, wéi dat ofgelaf ass.