Drëtt Hallschent: Kevin Geniets
14/07/2025

Den Ament ass de Tour de France amgaangen. Dëst Joer ouni Lëtzebuerger. De Kevin Geniets ass awer déi leschten 3 Joer d'Grande Boucle gefuer. Dëst Joer ass hien awer un den Depart vum Giro d'Italia gaangen. An der "Drëtter Hallschent" wollt de Rich Simon ënnert anerem vun him wëssen, op et ee groussen Ënnerscheed tëscht der Course a Frankräich an där an Italien gëtt.