Best-of Bob Jungels
De Bob Jungels ass ee vun deene polyvalente Coureuren aus dem internationale Peloton.
2010 war de Lëtzebuerger scho Weltmeeschter am Zäitfueren bei de Junioren an huet 2012 bei bei der U23-Kategorie Paris-Roubaix gewonnen. Ganz grouss raus koum hien awer beim Giro 2016, bei deem de jonke Coureur de wäisse Maillot vum beschte Jonke konnt gewannen an e puer Deeg am Maillot Rose gefuer ass. Dat selwecht Konschtstéck huet hien och 2017 fäerdegbruecht. 2018 gouf et eng Victoire bei Léck-Baaschtnech-Léck an 2019 konnt de Bob Jungels och a Flandern bei Kuurne-Bréissel-Kuurne iwwerzeegen.
