Best-of Gilles Muller

Mir hunn eis déi beschte Momenter vum Gilles Muller senger Karriär ugekuckt.

Dem Gilles Muller seng Karriär ass 2018 op en Enn gaangen. De beschten Tennisspiller, dee Lëtzebuerg jee gesinn huet, gouf véier Mol zum Sportler vum Joer gewielt an huet sech dacks spannend Dueller mat groussen Nimm geliwwert. Esou en Duell gouf et ënnert anerem am Joer 2017 zu Wimbledon géint de Rafael Nadal. An engem 5-Saz-Krimi huet de Lëtzebuerger gewonnen a sech fir d'Aachtelsfinall qualifizéiert.