Zil JPEE: Sportschéisse géint Liichtathletik

De Luca Klein (6. Plaz am Sportschéisse bei de JPEE 2023) an d'Carole Kill (2. Plaz am 4x400m bei de Spiller vun de klenge Länner 2011) tauschen d'Disziplinnen.

De Luca Klein versicht mat der Hëllef vum Carole Kill esou wäit wéi méiglech ze sprangen. An d'Carole Kill hirersäits traut sech op de Schéissstand. Wéi schloe si sech an der jeeweils anerer Sportaart?