Zil JPEE: Synchronschwamme géint Rugby
D'Davina Ribeiro Alves (Championne am Synchronschwammen) an de Yared Ketema (2 x Gewënner vun der Rugby Competitioun Rosslyn Park 7S) tauschen d'Disziplinnen.
Méi ënnerschiddlech kéinten zwou Sportaarten net sinn. D'Synchronschwëmmerin Davina Ribeiro Alves versicht an der Piscine dem Rugby-Spiller Yared Ketema seng elegant Säit eraus ze këddelen. Am Géigenzuch léiert hatt beim Yared wéi een de Géigner mat vollem Kierperasaz tackelt. Fanne se Gefalen un där anerer Disziplin?
