iTunesSpotifyRSSApple Share
Sproochmates
Den Alain Atten hëlt d'Lëtzebuerger Sprooch op de Leescht.
Play

Play episode

Sproochmates: Saster an Désaster
Den Alain Atten hëlt d'Lëtzebuerger Sprooch op de Leescht.
Play
04/10/2021 (3m)

Sproochmates: Saster an Désaster

Den Alain Atten hëlt haut 2 Wierder ënnert d'Lupp. Saster an Désaster. Nach ni héieren? Da lauschtert mol gutt no.
Play
01/10/2021 (3m)

Sproochmates: Gromperevakanz

Ronderëm d'Gromper ginn et allerlee Geschichten. Géing een alles iwwer d'Knoll néierschreiwen, hätt een e ganzt faarwegt Dokument. Et gouf souguer eng Gromperevakanz. Den Alain Atten weess wat et mat där op sech huet.
Play
29/09/2021 (2m)

Sproochmates: wie sech gutthält mat de Kueben, deen ersäift net

Haut hätt den Alain Atten och iwwer de Méchelsdag kënne schwätzen, huet en awer schonn d'lescht Woch gemaach, Rendezvous op RTL Play fir dat nach eng Kéier ze lauschteren. Duerfir gëtt et dann haut e flotte Sprooch, een deen eppes mat Kueben an ersaufen ze dinn huet.
Play
27/09/2021 (3m)

Sproochmates: Culot

Et besteet keen Zweiwel datt mir haut an der Rubrik "geléinte Wierder" ënnerwee sinn; Culot ass am Franséischen doheem. Sënn an Zweck vu Culot kritt dir vum Alain Atten erkläert.
Play
24/09/2021 (3m)

Sproochmates: Méchelsdag

Den nächste Mëttwoch, 29. September, gëtt den hellege Michel gefeiert. Bei eis soe mir dofir och de Méchelsdag. A wat deen Dag mam Wieder ze dinn huet, erkläert den Alain Atten.
Play
22/09/2021 (3m)

De Sproochmates

Wou komme wéi eng Ausdréck hir, a wéi eng Bedeitung hu se? Den Alain Atten hëlt eis mat an d'Welt vun der Lëtzebuerger Sprooch, a weess sech haut clever unzeleeën.
Play
20/09/2021 (3m)

Sproochmates: den Tarif

Wann et ëm d'Bezuele geet, kann et mol virkommen datt een nom Präis, enger Taxe oder och dem Tarif freet. Firwat Tarif, a virun allem wéi, de Wee an eise Sproochgebrauch fonnt huet, erkläert och dës Kéier den Alain Atten.
Play
17/09/2021 (3m)

Sproochmates: Lampeschdag

De Lampeschdag, dat ass en Dag, deen op e Patréiner zréck geet, iwwer deen zum Deel richteg grujeleg Geschichten erzielt ginn, awer net nëmmen. Den Alain Atten entféiert Iech an d'Vergaangenheet.
Play
15/09/2021 (2m)

Sproochmates: een an de Schiet stellen

Et kann een iwwert säi Schiet sprangen, säin eegene Schiet fäerten an ënner och een an de Schiet stellen. Wéi dat geet a wat domat gemengt ass, erkläert den Alain Atten.
Play
13/09/2021 (3m)

Sproochmates: e Ressort

Dës Kéier huet den Alain Atten e geléinten Wuert erausgekroopt, dat een op zwou Manéieren asetze kann. De Ressort gëtt et nämlech net nëmme wann et ëm d'Bett geet.
Play
10/09/2021 (3m)

Sproochmates: den Huewermount

En Drëttel vum 9. Mount vum Joer ass gepackt. Grond genuch fir dem September säi Spëtznumm eng Kéier op de Leescht ze huelen. Den Alain Atten erzielt alles iwwer den Huewermount.
Play
08/09/2021 (3m)

Sproochmates: eng Drëps all Dag, dat gëtt e Lach

Huele mir eis e puer Minutten Zäit fir eis Sprooch. Grad wéi a villen anere Sproochen och, ginn et am Lëtzebuergeschen eng helle Wull Spréch. Déi si mol méi mol manner bekannt, ma et ginn och Spréch wou ee beim beschte Wëllen net weess wat domat gemengt ass, hei sou e Beispill vum Alain Atten "eng Drëps all Dag, dat gëtt e Lach".
Play
06/09/2021 (3m)

Sproochmates: d'Recolte

Och dës Saison huet de Sproochmates e feste Rendezvous am Feierowend op RTL; Méindes, Mëttwochs a Freides géint 19:30. A wéi et schéngt ass d'Lëscht vun de geléinte Wierder nach net ganz opgeschafft, well haut wier et nees u sou engem Wuert; d'Recolte.
Play
05/09/2021 (3m)

De Sproochmates: Baartelméisdag

Wien nach net weess wat de Baartelméisdag ass a wat et domat op sech huet, dee ka sech engem klenge Lëtzebuergesch-Cours ënnerzéien. Den Alain mam Baartelsmésdag. Wou kënnt en hier, a wien ass dat iwwerhaapt.