Finall: De leschte Verdikt

D'Kandidate kommen eng leschte Kéier virun d'Jury, wou iwwer hire ganze Parcours bei der Success Story 2020 debattéiert gëtt.

Fir si ass et schonns am Oktober 2019 ugaangen, wou den éischte Casting virun der Jury war. Si all hunn a 5 Méint grouss Schrëtt gemaach an der Kreatioun oder der Evolutioun vun hire Geschäfter. An der Finall hu si eng allerleschte Kéier Méiglechkeet fir d’Jury ze iwwerzeegen.