De Summermagazin – Ausgebil(l)t: Häerdeschutzhond Arthus
Episod 2
An eiser neier Sendung "Ausgebil(l)t - Muppe bei der Aarbecht" begleede mir verschidde Profiller vun Hond a Meeschter, déi net just privat, mee och berufflech een Team sinn. Et geet ëm Muppen, déi Aufgaben iwwerhuelen, fir déi si jorelaang ausgebilt oder iwwert Joerzéngte geziicht goufen.
Haut léiere mir den Arthus kennen, ee Pastore da Maremmano Abruzzese. Hien ass de Mupp vum Tom Funck engem Schofsziichter am Süde vum Land. Den Arthus ass awer keen Hiertenhond, deen d'Schof zesummen dreift, mee een Häerdeschutzhond.
Mam Arthus hunn d'Schof en impressionante Beschützer un hirer Säit, gutt 70cm ginn dës Hënn héich a bis zu 45kg schwéier. Si liewe 24 Stonne mat hinnen zesummen, ob der Wiss oder am Stall, fir d'Schof ass den Arthus Frënd a Bodyguard an engem.
A senger Heemescht Italien gëtt de Pastore da Maremmano Abruzzese agesat, d’Häerde géint de Wollef ze schützen. Vu klengem u wuesse si dofir mat de Schof op a schützen dës kompromësslos. Hei zu Lëtzebuerg virop och géint fräilafend Muppen, déi och scho Schof vum Tom Funck gerass oder schwéier blesséiert hunn.
Et ass eng Rass, déi iwwer Generatioune gezillt gouf, jidderzäit autonom Decisiounen ze treffen an och dann och anzegräifen, wann de Meeschter net do ass. Tëscht Mënsch an Hond besteet hei eng Allianz fir d’Schof ze protegéieren, sech ënnerzeuerdnen ass net seng Stäerkt. D’Relatioun zum Mënsch berout op géigesäitegem Respekt a Vertrauen, dat ass déi eenzegaarteg Partnerschaft, déi esou schonn zënter Joerhonnerte besteet a weidergefouert gëtt. De Pastore da Maremmano Abruzzese ass och en absolutte Schaffhond a sollt net liichtfankeg ugeschaaft ginn, wann e spéider net adequat ausgelaascht ka ginn.