Eng Nuecht am Minett (7): Wikkel Haiser zu Biergem

Am 7. Episod vun eiser Serie hu mir an engem Haus geschlof, wat aus Holz, respektiv aus Kartrong zesummegebaut ass.

90 Kilometer ass de Minett-Trail laang an op dem Wee fënnt een och 11 Kabaisercher, fir ënnerwee dran ze schlofen. De ganze Summer iwwer hu mer déi scho fir Iech getest an hunn ënnert anerem an engem Zirkuswon, engem alen Arbeds-Büro oder an engem Zuchwaggon geschlof.

Elo ware mer bis op Biergem - do sinn direkt 3 kleng Haisercher fäerdeg ginn. Eigentlech war do en anere Projet virgesinn, ma well d’Holz rar ginn ass an d’Präisser massiv geklomme sinn, huet ee missen ëmdenken – e Wikkel House zwar och aus Holz, mee och aus Kartrong war d’Léisung. Dernieft muss een och soen, datt vill vun de Projete Retard hunn a 4 weider Gitten an de nächste Wochen ageweit ginn. De Loïc Juchem huet elo mol eng Nuecht zu Biergem verbruecht.