Episod 06 – Sproochen
Dës Kéier huet sech alles ëm d'Thema Friemsprooch a codéiert Sprooch gedréit.
Bei Take Off mussen d’Ekippen zwee kniwweleg Sproochen-Challenge léisen.
Bukada Karakoi Kapea. Dat ass Abadi. Eng Sprooch aus Papua Neiginea. D’Kandidate mussen eng Akafslëscht an där Sprooch verstoen. A si mussen e codéierte Message entschlësselen. Dominéiert weider Team Rout oder kënnen dës Kéier déi Mof a Giel sech duerchsetzen.
