Réckbléck 2022 - E Joer nach ëmmer markéiert vu Covid

Uganks Januar 2022 hate mer iwwer 2.000 positiv Getester den Dag. D'Omikron-Variant huet ëm sech gegraff. Schoul, Spideeler, iwwerall feelt et u Personal.

D'Raphaëlle Dickes huet sech d'Zuelen an d'Decisioune vun eiser Regierung a Santé nach emol ugekuckt. D'Joer war markéiert vun Impfgéigner a Protester, dat och wéinst dem obligatoreschen 3G.