Réckbléck 2022 - Tripartite als Kriseninstrument

D'Corona-Pandemie knapps iwwerstanen, huet an der Ukrain e Krich ugefaangen.

Zweemol gouf d'Tripartite dëst Joer aberuff. E Kriseninstrument, dat zu Lëtzebuerg eng grouss Traditioun huet, am Sënn vum Lëtzebuerger Modell. Regierung, Patronat a Gewerkschaften hunn no Léisunge gesicht, fir d' Konsequenze vum Krich an der Ukrain. Mat virop natierlech der Inflatioun an den Energiepräisser, déi duerch de Plaffong gaange sinn. Einfach war dat net, mat der Tripartite am Fréijoer, wou eng Gewerkschaft den Dësch verlooss hat. An am Hierscht huet dunn d'Patronat an de saueren Apel misse bäissen. De Pierre Jans kuckt an eiser Serie Joresréckbléck, op déi béid Tripartitten zeréck.